Partnerschaft

Säit 1989 verbënnt eis eng Partnerschaft mat der Feuerwehr Birkenheide aus Däitschland.

technik 048                    139px-Wappen_birkenheide

Birkenheide ass eng Ortsgemeinde am Rhein-Pfalz-Kreis a Rheinland-Pfalz. Birkenheide gehéiert zur Verbandsgemeinde Maxdorf an huet ca. 3200 Awunner.

 

Am Fréijoër 1987 huet alles mat engem Inserat am Feuerwehr-Magazin ugefaang. D’Steeseler Pompjeeën wollte verschidde Sammlerstécker a Material verkafen. No engem éischten Telefonat ass ausgemaach ginn dass d’Feuerwehr Birkenheide op d’Porte Ouverte op Steesel kënnt fir sech kennen ze léieren.
Vu dass een sech direkt gudd verstaanen huet sinn déi Steeseler am Dezember 1988 eng éischte Kéier an Däitschland gefuer, an zwar op d’Nikolausfeier. Am Mee 1989 stoung dunn eng gemeinsam Visite vun der Werkfeuerwehr bei der BASF um Programm.25 Jahre
Vun do un goufen et quasi all Joër reegelméisseg Visiten bei de passende Geleegenheeten (Fester, Porte Ouvertes, etc.)
Am Juli 1998 war d’Jugendfeuerwehr Birkenheide eng Woch am gemeinsamen Camp zu Berdorf op Besuch.
Bei all deene Visiten am Laf vun de Joëren si kamerodschaftlech a perséinlech Frëndschaften tëschent de Pompjeeskolleegen aus deenen zwee Länner entstaanen.
Obwuel et nie zu enger offizieller Partnerschaft koum huet sech déi Kollegialitéit, déi vum deemolegen Wehrführer Siegbert Andes a vum Chef de Corps Paul Wildschütz an d’Liewen geruff gouf, emmer weider entwéckelt a besteet emmer nach.

 

Déi aktuell Gefierer vun der Feuerwehr Birkenheide:

Mannschaftstransportwagen

Mannschaftstransportwagen

Löschgruppenfahrzeug 8/6

Löschgruppenfahrzeug 8/6

Tanklöschfahrzeug 16/30

Tanklöschfahrzeug 16/30

ELW

ELW