Geschicht

Am Joër 1904, hunn e puer Steeseler Jongen, wéi se den éischte Mee mam Meekranz an d’Duerf gaange sinn, sech geduecht wéi flott et wär wann een elo eng Musék dobäi hätt.

Well d’Duerf déi Zäit och keng Pompjeeën hat, ass dat Kulturellt mat deem Nëtzlechen verbonne ginn. Séier ware Leit fir déi gudd Saach ze begeeschteren an esou hu sech dës Idealisten agesaat fir eng Pompiers-Fanfare ze grënnen.

Sonndes de 24. Juli 1904 war am Café Massard op der Kierchplaz d’Grënnungsversammlung vum Veräin „Pompiers et Fanfare Steinsel-Müllendorf“.

Éischten Präsident war den Här Pierre Wansdorf an den éischten Kommandant (vun 1904-1924) den Här Mathias Thesen.

Allerdéngs hunn d’Pompjeeën emmer nieft der Musék méi bescheiden funktionnéiert, an dat well et déi Zäit keng richteg Organisatioun gouf.

All Musikant war och automatesch Pompjee. Déi 2 Sektiounen haten déi selwecht Statuten, mee all Sektioun hat hir eegen Déngschtvirschrëften. D’Jonge vun de Pompjeeën stoungen emmer op der Bresch a si hu mam Fortschrëtt an der Modernisatioun matgehale sou gudd wéi se konnten.

 

Dee jonke Veräin hat Héichten an Déiften, en huet mat finanzielle Schwieregkeeten gekämpft an emmer erëm och mat Nowuesmangel. Am Joër 1929 gouf de 25-jährege Jubiläum gebührend gefeiert.

Méi ass aus där Zäit leider net bekannt well net vill néiergeschriwwe ginn ass.

1958 huet de Veräin d’Kantonalfest vun de Pompjeeën am Kanton Lëtzebuerg-Land organiséiert. Bei dëser Geleegenheet huet d’Gemengeverwaltung eng nei Läschpompel TS (Tragkraftspritze) 8/8 mat Unhänger kaaft dee feierlech ageweit ginn ass.

Nom 75-jähregen Stëftungsfest am Joër 1979, dat mam Kantonalfest verbonne war, gouf sech Gedanke gemaach iwwer déi wieder Moderniséierung. Et koum den 2. Februar an den 19. September 1981 zur Ausschreiwung a feierlecher Ausliwwerung vun engem TSF (Tragkraftspritzenfahrzeug) Ford Transit wéi och vun 3 Otemschutzgeräter.

HP0010 (2)

1988 gouf de Jempi Klein zum Buergermeeschter gewielt. Eng vun den éischten Amtshandlungen vum neie Gemengerot war d’Uschafung vun engem TLF (Tanklöschfahrzeug) 24/16 Rosenbauer op engem Steyr Fuergestell. Den 21. Mee 1989 gouf dat neit Gefier offiziell an Déngscht gesat.

HP0012 (2)

No enger interner Ofstëmmung vum 11. Januar 1990, déi an der Generalversammlung vum 18. Mäerz 1990 confirméiert gouf, ass d’Trennung vun deenen 2 Sektiounen decidéiert ginn.
Aus der Sektioun „Pompiers“ ass „Pompjeën Stesel-Mëlleref“ (*) ginn. Laut dem Gemengenreglement vum 13. Dezember 1989 gehéiere si zum lëtzebuergesche Pompjeesverband a stinn fräiwëlleg, éierenamtlech an autonom am Déngscht vun der Gemeng.

HP0007

Am Joër 1994 ass entscheed ginn déi 2 Pompjeescorpsen aus der Gemeng, vu Steesel a vun Heeschdrëf, an engem eenzege Corps ze fusionéieren. D’Pompjeeën Heeschdrëf goufen opgeléist an dat ganzt Material, dorënner 1 MZF (Mehrzweckfahrzeug), an d’Memberen (déi déi wollten) zu Steesel integréiert.

HP0008

Am Joër 1996 huet de Gemengerot decidéiert ouni staatlech Ënnerstëtzung een neit Asatzgefier GLW (Gerätelöschwagen) Mercedes Sprinter vun der Firma Schmitz aus Wilnsdorf (D) unzeschafen.

D’Pompjeeën haut

De Fuhrpark vum Corps gouf an deenen läschten Joëren bal komplett moderniséiert a besteet momentan aus:

1 HLF (2008)
1 TLF 4000 (renovéiert 2009)
1 MTW (2010)
1 KDO (2015)
1 FWA mat verschiddenen Rollcontainer, dorënner och 1 TS

Am Joër 2001 ass op en Neibau verzicht ginn well d’Pompjeeën wollten an hiere Raimlechkeeten an der Schoul Sepp Hansen bleiwen. Dofier ass deen aale Pompjeesbau komplett renovéiert an ausgebaut ginn fir en optimale Pompjeesdéngscht kënnen ze leeschten.

Den aktuelle Pompjeesbau besteet aus: Garage fir 4 Asatzween an 1 Unhänger, Vestiaire, Asatzleedung a Büro, Buvette, Otemschutzatelier, Dusch, Lagerraum, Magasin, Buanderie, Toiletten, Instruktiounssall a Kichen.


KOMMANDANTEN VU FRÉIER BIS HAUT

Thesen Mathias 1904-1924
Forster Joseph 1924-1947
Berscheid Dominique 1947-1953
Kemmer Tun 1953-1954
Dahm Fes 1954-1956
Kolber Albert 1956-1964
Flammant Robert 1964-1989
Wildschütz Paul 1989 – haut

 

(*) Mir sinn eis der neier lëtzebuergescher Rechtschreiwung bewosst, well richteg geschriwwe wär den Numm vum Corps: Pompjeeën Steesel. Fréier war et awer Stesel mat engem „e“ a Pompjeën mat zwee. Mir sinn deem aalen Numm trei bliwwen an dowéinst ass den offiziellen Numm an den Internetsite „Pompjeën Stesel“.
Am Text schreiwen mer et awer (meeschtens opjiddefall) richteg.