Hëllef eis hëllefen!

psh-1

Deng Ënnerstëtzung
Dee folgenden Text kéint däi Liewen veränneren. Mir brauchen dech!
Mat denger Hëllef kënne mir dengen Matmënschen, Frënn a virun allem denger Famill an Noutsituatiounen hëllefen. Och dech an deng Famill kéint et perséinlech treffen!
Säit Joëren ass d’Zuel vun de Fräiwëllegen am Pompjeesdéngscht landeswäit réckleefeg.
Dëst Phänomen huet och bei de Steeseler Pompjeeën zu engem staarken Réckgang vun de Fräiwëllegen gefouert. An de läschte Joëren ass d’Zuel vun 36 Aktiver op 21 gefall (2014), am Moment si mer bei 25 aktive Memberen. Dowéinst versiche mir permanent nei Leit ze rekrutéieren, fir en optimale Feier- a Rettungsdéngscht kënnen ze garantéieren.

Eng Hand mat upaken amplaz nokucken
Fräiwëllege Pompjee sinn bedait:
Nei spannend Tätegkeeten, eng flott Formatioun, eng staark Equipp an en Equipement um läschte Stand vun der Technik.

Challenge
Wann d’Steeseler Pompjeeën alarméiert ginn, befannen sech anerer an enger seriöer Noutlag.
Et geet dann drëms den Noutleedenden zu Hëllef ze kommen a gréisstméigleche Schued ze verhënneren.

Kompetenz & Know-How
Egal ob’s du schon handwierklecht Geschéck oder soss perséinlech Kompetenzen an Experienz matbréngs oder net, bei eis gëtt jiddereen gebraucht! Alles, wat’s de bei de Steeseler Pompjeeën léiers, kanns de och fir dech privat oder am Beruff notzen (1. Hëllef, Camionsführerschäin, etc.).

Een Hobby ouni Käschten
Am Géigesaz zu bal allen aaneren Fräizäitméiglechkeeten si sämtlech Aktivitéiten oder Ausrüstung an Uniform komplett käschtefräi (verschidden Asäz wéi och d’Permanence ginn souguer bezuelt).

Frëndschaft & Unerkennung
Et kennt een sech, et vertraut een sech an et hëlleft een sech géigesäiteg. D’Pompjeeën vu Steesel sinn eng flott Méiglechkeet aner Leit ze treffen a kennen ze léieren. Bas du mindestens 16 Joër al, kierperlech fit a motivéiert? Da mell dech elo! Nëmmen zesummen kënne mir eppes erreechen!
Hëllef eis hëllefen, dass sech d’Bierger an eiser Gemeng och an Zukunft op en zouverlässegen Feier- a Rettungsdéngscht kënne verloossen.

Fakten & Infos
D’Steeseler Pompjeeën zielen am Moment 25 aktiv Memberen.

Pro Joër hu mir
• 22 regulär Übungen (Dënschdes Owes 20.00 Uhr)
• Workshops (am Summer)
• Ausbildungen op nationalem a regionalem Niveau
• intern Ausbildungen
• Ausbildungsseminaren am Ausland sti reegelméisseg um Programm (z.B.: DMT Dortmund, LUKAS Erlangen,)

Eisen Asazspektrum begräift
• Feierbekämpfung
• Persounerettung
• technësch Interventiounen (Accidenter, Héichwaasser, Stuerm, Dieren opmaachen, Uelechspueren, asw.)

Du wëlls gär weider Informatiounen? Mell dech!

 

psh-2