Floumaart 3&4 November

i Oct 22nd by

ASBL vun den Steeseler Pompjeeën invitéieren nees op hiere Floumaart!

Folgend Dëscher stinn zur Auswiel:

180 cm X 80 cm zum Präiss vun 10 €
200 cm X 100 cm zum Präiss vu 15
€   

Dës Präisser gëllen fir 2 Deeg, Samsdes den 3. a Sonndes den 4 November 2018

F67C943E-6D46-4BE9-86AC-816E256445C5

Opriichte kann een:

Freides, de 2. November vun 17:30 Auer bis 19:30 Auer (d‘Diere ginn net éischter op)

Samsdes, den 3. November ab 7 Auer

Sonndes, den 4. November ab 7 Auer

D‘Diere maachen fir d‘Visiteuren ëm 8 Auer op, de Maart leeft bis 17:30 Auer.

Et gëtt eng Kautioun vun 20€ gefrot an ass mat ze iwwerweisen.

Dës Kautioun kritt een um 17:00 Auer erëm wann de Stand nach opgeriicht ass.

Duerno däerf ofgeriicht ginn!!!!


Ee Miwwel-Eck mat Méiglechkeeten fir Biller oder aner Saachen opzehänken gëtt Iech zur Verfügung gestallt.


Menu:

Samstes Lasagne

Sonndes Paschteit

 

Et ass net méi méiglech extra Wënsch ze erfëllen! Wann der wëllt beieneen sëtzen dann reservéiert zesummen, iwwerweist zesummen an schreift d’Nimm all op de Virement.


KLEEDER : Wann Leit e puer Kleeder ze verkaafen hun ass daat kee Problem. E flotte Mantel, eng exceptionnel Jackett, etc.

Mir maache kee Kleeder Secondhand wou d‘Dëscher voll mat Kannerkleeder oder ähnleches leien. Ech bieden Iech, Iech dorun zehaalen.

Keng Kleederstänner, an de Passage virum Stand därf net zougestallt ginn.

Mit bieden Iech d‘Reglementer ze respektéieren.

A wéi ëmmer deen Éischten ass fiir!

 

Comments

Leave a reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *