Asätz & News

Floumaart 25&26 Mai Centre de loisirs

i May 16th by

file

Floumaart zu Stésel 25&26 Mai 2019

i Mar 28th by

flyer2019

Floumaart 3&4 November

i Oct 22nd by

ASBL vun den Steeseler Pompjeeën invitéieren nees op hiere Floumaart!

Folgend Dëscher stinn zur Auswiel:

180 cm X 80 cm zum Präiss vun 10 €
200 cm X 100 cm zum Präiss vu 15
€   

Dës Präisser gëllen fir 2 Deeg, Samsdes den 3. a Sonndes den 4 November 2018

F67C943E-6D46-4BE9-86AC-816E256445C5

Opriichte kann een:

Freides, de 2. November vun 17:30 Auer bis 19:30 Auer (d‘Diere ginn net éischter op)

Samsdes, den 3. November ab 7 Auer

Sonndes, den 4. November ab 7 Auer

D‘Diere maachen fir d‘Visiteuren ëm 8 Auer op, de Maart leeft bis 17:30 Auer.

Et gëtt eng Kautioun vun 20€ gefrot an ass mat ze iwwerweisen.

Dës Kautioun kritt een um 17:00 Auer erëm wann de Stand nach opgeriicht ass.

Duerno däerf ofgeriicht ginn!!!!


Ee Miwwel-Eck mat Méiglechkeeten fir Biller oder aner Saachen opzehänken gëtt Iech zur Verfügung gestallt.


Menu:

Samstes Lasagne

Sonndes Paschteit

 

Et ass net méi méiglech extra Wënsch ze erfëllen! Wann der wëllt beieneen sëtzen dann reservéiert zesummen, iwwerweist zesummen an schreift d’Nimm all op de Virement.


KLEEDER : Wann Leit e puer Kleeder ze verkaafen hun ass daat kee Problem. E flotte Mantel, eng exceptionnel Jackett, etc.

Mir maache kee Kleeder Secondhand wou d‘Dëscher voll mat Kannerkleeder oder ähnleches leien. Ech bieden Iech, Iech dorun zehaalen.

Keng Kleederstänner, an de Passage virum Stand därf net zougestallt ginn.

Mit bieden Iech d‘Reglementer ze respektéieren.

A wéi ëmmer deen Éischten ass fiir!

 

Visite des hauts Fourneaux et les Mines de Rumelange

i Apr 26th by

En deel vun den Steeseler Pompjeeën hun sech den 21. Abrell op den wee an d’Minette gemach.
Um ordre du jour stoung eng visite vun den héichiewen an den minnen.
Hei en klengen ableck vun der visite.

23326e6e-c7cc-48a9-a857-0c944c65163f 8d2f1793-2ad0-48e8-9680-56daeef64bf1 64ef82b1-5d61-483e-819c-e060ac4d5590

Formatioun Ambulanz

i Apr 22nd by

Well mir nawell oft geruff ginn fir d’Ambulancier’en ze ënnerstëtzen hate mir en Dënschden, den 21.4. eng kleng Formatioun fir eis Pompjeeën zesummen mat der Protection Civile vu Lëntgen organiséiert. Et ass haaptsächlech em den Equipement an d’Funktioun vun der Ambulanz selwer gaang. Ee grousse Merci un d’Triny Weiler an den Equipage vun der 2. Ambulanz vu Lëntgen.

IMG_8991

Nei Memberen

i Jan 21st by

Mir begréissen d’Jacky an de Michael an eise Reihen. Si sinn elo amgaang mat der Grondausbildung FGA (Feuerwehrgrundausbildung).

IMG_8501

Entstehungsbrand 15.12.

i Dec 22nd by

Mir goufen als Renfort fir d’Walfer Pompjeeën op en Entstehungsbrand op Beggen beim Centre Espace geruff. Um Parking an enger klenger Buud hat et gebrannt. D’Feier war awer direkt geläscht a gréissere Schued konnt verhënnert ginn. (more…)

Den neie Kommandowon ass do!

i Dec 16th by

KDO (more…)

Äddi Audi!

i Nov 19th by

Audi
Eisen alen Kommandowon (KDO) Audi A6, ass net méi do! (more…)