Asätz & News

Feieralarm A7 Bâtiment technique 5.2. (Tunnel Stafelter)

i Feb 5th by

Feieralarm an engem Gebai niewt dem Tunnel Stafelter op der A7. Et huet sech em en falschen Alarm gehandelt.
Op der Plaz waren d’Pompjeeën vu Luerenzweiler, Steesel, Walfer, d’Beruffspompjeeën an eng Ambulanz vu Lëntgen.

IMG_0571   IMG_0570

 

Masutt-Camion huet gedämpt 10.11. (A7-Lorentzweiler)

i Nov 10th by

Géint 7 Auer Moies goufen mir wéinst engem Camionsbrand am Tunnel Grouft op d’A7 geruff. Op der Plaz ukomm huet sech awer erausgestallt dass de Camion net wierklech gebrannt huet an och net am Tunnel stoung. Eng Flëssegkeet huet wahrscheinlech op den Auspuff gedrëpst an esou fir vill Damp gesuergt während de Camion (deen Masutt gelueden hat) duerch den Tunnel Grouft a Richtung Stad gefuer ass. Glécklecherweis war den Szenario am Endeffekt net esou dramatesch wéi am Ufank gefaart.

Op der Plaz waren d’Corps’en vu Lëntgen, Miersch, Luerenzweiler, Steesel a Walfer an d’Police.

dabbbf30d6d54154ec7e1194b5f97633